Communication

Mir traueren em den Nico Wagner

D’Pompjeeë vum Zenter Péiteng hu schwéieren Häerzens, déi traureg Flicht den Doud vun hirem laangjärege Member, fréiere Jugendleeder adjoint a Caissier, fréiere Kommandant, Chef du Service d’Incendie et de Sauvetage de la Commune de Pétange honoraire, souwéi Inspecteur régional adjoint honoraire, dem
Nico WAGNER
Pompjee (1976-2018)
Caissier (1990-2014)
Chef de corps (2014-2018)
Regionalinspektor adjoint (2014-2018)
matzedeelen.

Fir dem Verstuerwenen eng läscht Éier z’erweisen, versammele mir eis alleguer en Donneschden de 19. Juli um 16.30 Auer an der Porkierch zu Péiteng.

Mir drécke senger ganzer Famill, a besonnesch dem Rita, dem Isabelle an dem Jeff, eist déifste Bäileed aus.
Nico, du bass eis all e Virbild. Mir behalen dech a beschter Erënnerung.

Mir wëllen heimat och all de CIS’en, Gruppen, an Pompjeeë Merci soen fir hier léif Wierder an Ënnerstëtzung an dëser schwéierer Zäit.