Archives de catégorie : Non classé

COVID-19

Coronavirus – Consultéiert weg. d’Websäit vun der Regierung  www.gouvernement.lu/coronavirus fir nëtzlech Informatiounen zum Coronavirus, inklusiv déi preventiv Moossnamen déi ze respektéiere sinn.

Coronavirus – Veuillez consulter le site web du gouvernement www.gouvernement.lu/coronavirus  pour des informations utiles sur le coronavirus, y inclus les mesures de prévention qui sont à respecter.

Coronavirus – Please consult the website of the government www.gouvernement.lu/coronavirus for useful information regarding the coronavirus, including preventive measures that are to be respected.

Coronavirus – Bitte erkundigen Sie sich auf der Webseite der Regierung www.gouvernement.lu/coronavirus über nützliche Informationen zum Coronavirus, einschließlich der Vorbeugungsmaßnahmen die zu respektieren sind.

Buergbrennen 2019

Buergbrennen 2019 beim Centre de Loisirs zu Lamadelaine ab 14:00.
Fir Animatioun, Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.
Um 19:15 Auer Faakelzuch vum Centre de Loisirs bei d’Kräitz um Routreis.
Faakelen gett et op der Plaatz ze kaafen.
www.cisp.lu

Mir traueren em den Nico Wagner

D’Pompjeeë vum Zenter Péiteng hu schwéieren Häerzens, déi traureg Flicht den Doud vun hirem laangjärege Member, fréiere Jugendleeder adjoint a Caissier, fréiere Kommandant, Chef du Service d’Incendie et de Sauvetage de la Commune de Pétange honoraire, souwéi Inspecteur régional adjoint honoraire, dem
Nico WAGNER
Pompjee (1976-2018)
Caissier (1990-2014)
Chef de corps (2014-2018)
Regionalinspektor adjoint (2014-2018)
matzedeelen.

Fir dem Verstuerwenen eng läscht Éier z’erweisen, versammele mir eis alleguer en Donneschden de 19. Juli um 16.30 Auer an der Porkierch zu Péiteng.

Mir drécke senger ganzer Famill, a besonnesch dem Rita, dem Isabelle an dem Jeff, eist déifste Bäileed aus.
Nico, du bass eis all e Virbild. Mir behalen dech a beschter Erënnerung.

Mir wëllen heimat och all de CIS’en, Gruppen, an Pompjeeë Merci soen fir hier léif Wierder an Ënnerstëtzung an dëser schwéierer Zäit.

E passt op Iech op: Den Dampmelder

Den Inneminister Dan Kersch huet haut d’Sensibiliséierungs-Campagne: «E passt op Iech op, den Dampmelder» virgestallt. Duerch eng Initiative vun der Regierung wäerten d’Dampmelder vun 2019 un a bewunnte Gebaier obligatoresch ginn. E Schratt deen d’Pompjeesfederatioun unanime ënnerstëtzt.

Bevir dëst Gesetz 2019 a Kraaft trëtt, kritt all Stot zu Lëtzebuerg een Dampmelder vum Inneministère offréiert. Heifir kritt jidder Stot an de nächsten Deeg e Bréif mat Explikatiounen an e Bong fir den Dampmelder op senger Gemeng sichen ze goen heemgeschéckt.

Weider Informatiounen sinn op www.rauchmelder.lu ze fannen.

[Il veille sur vous: le détecteur de fumée] FR

Le ministre de l’Intérieur, Dan Kersch, a présenté la campagne de sensibilisation «Il veille sur vous: le détecteur de fumée». Le gouvernement a en effet pris l’initiative de rendre obligatoire l’installation de détecteurs de fumée dans les immeubles affectés à l’habitation de personnes dès 2019. Une décision unanimement soutenue par la Fédération Nationale des Pompiers.

Avant l’entrée en vigueur de cette loi, chaque foyer du pays se verra offrir un détecteur de fumée par le Ministère de l’Intérieur. A cet effet une lettre explicative avec un bon afin de récupérer un détecteur de fumée gratuitement auprès de sa commune sera adressé dans les prochains jour à chaque foyer du Grand-Duché.

Tous les visuels et détails pratiques sont disponibles sur www.rauchmelder.lu