Manifestations

Fréijoersbotz

Leschten Samschdenmoien, den 12. März, huet déi jäerlech Fréijoersbotz stattfonnt. Organiséiert vun der Péitenger Gemengenverwaltung hun iwwer 200 Bierger deelgeholl.

25 Pompjeeën aus der Gemeng Péiteng, mat hieren Jugendpompjeeën an aktiven Memberen, hun ronderëm den Zenter, den Busparking vum Lycée an niewent der Collectrice um giele Wee gebotzt. Rendez-vous fir d‘Usproch vum Buergermeeschter an Gruppefoto war bei den Pompjeeën am Zenter. Dono huet Gemengenverwaltung op den traditionellen Ierbesenbulli invitéiert.