Pollution de la Chiers (G1)

Date: 02/01/2017 at 15:32
Alerting method: Permanence + Groupe renfort
Catégorie d’incident: Technischer Einsatz
Emplacement: Pétange, rue de la Chiers
Véhicules: ELW 1-1, GW 1-1, LF 2-1, MZF 2-1, RW Kran 1


Einsatzbericht:

http://www.rtl.lu/letzebuerg/992434.html

Kuer verknascht, Enquête leeft

En Dënschdeg hunn Awunner an Uecht geholl, datt d’Kuer (Chiers) staark mat Ueleg verknascht war.Dat wier nach ëmmer de Fall, esou d’Police um Donneschdeg am Nomëtteg, och wann d’Verknaschtung net méi grad esou schlëmm wier.
De Problem wier aus dem « Hanebësch » komm.
Spezialiste vum Waasserwirtschaftsamt hu probéiert erauszefanne, wat de Ursprong vum Problem wier.
Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Péiteng an och de Service Dépolution vun der Protection Civile.
Déi Déifferdenger Gemeng an och déi franséisch an déi belsch Autoritéite goufen informéiert.
D’Kuer oder Kor respektiv Chiers ass jo deen eenzege Lëtzebuerger Floss, deen net zum Anzugsgebitt vun der Musel gehéiert, ma zu der Meuse (Maas).

D’Enquête leeft.

(c) Text www.rtl.lu