Manifestations

Fréijoersbotz 2017 ?

Leschte Samschdegmoien, den 11. Mäerz, huet déi jäerlech Fréijoersbotz stattfonnt. Organiséiert vun der Péitenger Gemengeverwaltung hunn iwwer 250 Bierger deelgeholl.

Et war mëttlerweil déi 25. Editioun vun der Fréijoersbotz. 30 Pompjeeën aus der Gemeng Péiteng, mat hieren Jugendpompjeeën an aktiven Memberen, hunn ronderëm den Zenter, den Busparking vum Lycée an niewent der Collectrice um giele Wee gebotzt.

Rendez-vous fir d‘Usproch vum Buergermeeschter an Gruppefoto war bei den Pompjeeën am Zenter. Dono huet Gemengeverwaltung op den traditionellen Ierbesenbulli invitéiert.